©2019 Handball Bettembourg

Quiz-Owend vum HBB

Den Handball Bettembourg organiséiert e Quiz-Owend fir Grouss a Kleng! Kommt an test Ärt Weëssen an ënnerschiddleche Beräicher! De Spaass ass garantéiert a fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

  • Wéini: Samschdes 7. Dezember 2019

  • Wou: Jugendhaus Bettembourg (32, route d'Esch / Bettembourg)

  • Doors: 19:00 | Start: 20:00

  • Präis: 15€/Persoun (Iessen inclus)

  • Equippen: 1-8 Persounen

  • Iessen: All You Can Eat Kniddelen (als Alternativ gëtt et Bréidescher)

  • Buvette de ganzen Owend + Dessert'en

  • Wéi umelden? Hei iwwert de Site oder Mail un hbbettembourg@gmail.com

  • Wat brauch ech? Motivatioun!

  • Ween däerf matmaachen? Jiddereen, Mannerjähreger mussen allerdéngs eng Autorisation parentale dobäi hunn (kann hei um Site erofgeluede ginn)

  • Sprooch: Lëtzebuergesch

  • De Quiz besteet aus méi Ronnen, et si gréisstendeels normal Froen, et kennen awer och aktiv Spiller sinn (z.B. eppes schmaachen)

  • Aus organisatoresche Grënn froe mir en Accompte vu 5€/Persoun. Heiriwwer gitt dir no der Umeldung informéiert.