Zwëschestand fir d'Wanterpaus!

All eis Equippen hunn elo Wanterpaus - ma just wat de Championnat ugeet, den Training geet natierlech intensiv weider.


Nodeems eis Seniorsequippen de Weekend hier lescht Matcher fir dës Saison haaten, ass et un der Zäit op déi lescht Méint zréck ze kucken!



Dammen: (Promotion Dames + Coupe de Luxembourg)

D'Damme sinn direkt mat enger Victoire um Season-Opening an déi nei Saison gestart, dëst géint den Handball Esch 2. Dono war et eng zäitche roueg fir d'Dammen-Equipe, dëst well zwou Equippen aus dem Championnat zréckgezunn goufen (HB Mersch + HB Dudelange 2) an d'RedBoys 2 Forfait erkläert haten.


Am November stoungen dann zwee Auswäerts-Matcher um Programm, ma hei huet den HBB leider de Kierzere gezunn (HB Museldall 2 vs HBB 23:20 // CHEV Diekirch 2 vs HBB 35:23). Dës Nidderlaagen hunn awer net zu enger Demotivatioun geféiert, ma vill méi de Kampfgeescht nach weider ugedriwwen. A sou konnt am éischte Match vun der Réckronn eng, wann och knapp Victoire beim Handball Esch 2 agefuer ginn (19:20).


Déi Woch drop war dann eng Paus am Championnat - dëst bedéngt duerch d'Véierelsfinal vun der Coupe de Luxembourg. Hei ass den HBB, wéi schonn 2018, doheem op den Handball Esch getraff. Bei enger ausverkaafter Hal a bei gudder Stëmmung, hunn sech d'Damme vu Beetebuerg um Enn leider misste mat 21:27 geschloe ginn.




Befir et an d'Wanterpaus gaangen ass, stoung de leschte Weekend nach de Retour-Match géint d'RedBoys vun Déifferdéng um Spillplang. Hei konnt sech den HBB auswäerts mat enger staarker Leeschtung duerchsetzen. Um Enn sollte beid Equippen mat engem Spillstand vun 24:29 an d'Vestiaire goen.


Mat enger aktuell 3. Plaaz an der Promotioun ginn d'Dammen an d'Wanterpaus - den Training leeft weider, well et gëllt weider ze schaffen fir en Opstieg kennen ze realiséieren. 3 Matcher stinn no der Paus nach um Programm; lass geet et den 26. Januar doheem géint Museldall 2.






Hären: (Promotion A Hommes)

Mat enger neier Equipe ass den HBB 2019 an d'Championnat erageklommen: d'Beetebuerger Hären! Et war gewosst, dass et giffe schwéier Méint ginn fir déi nei zesummegesaaten Equipe, an esou sollten och déi éischt Matcher net all ze einfach ginn.


Ugefaangen mam éischte Match, doheem um Season-Opening, géint den HC Standard, wou sech d'Hären hu misse mat 16:44 geschloe ginn. Och déi nächst Matcher ware net einfach fir d'Hären, ma lues a lues huet d'Zesummespill an der Equipe besser geklappt an och d'Verständnis ënnert eneen huet sech ëmmer weider entwéckelt.




Am Dezember sollt et dann zu engem Wiessel vum Trainer kommen, de Jérôme Ewen leed säit deems d'Geschécker bei den Häre vum HBB. Den éischte Match ënnert dem neien Trainer huet dann och direkt gewisen, dass sech den Training déi lescht Wochen a Méint gelount huet: um Retour-Match auswäerts zu Réiden hunn d'Männer zwar mat 35-21 verluer, ma et huet zäitgläich dat beschte Resultat bis elo duergestallt. Virun allem awer ass de gudden Equippegeescht an d'spillerech Entwécklung demonstréiert ginn.


Och fir d'Hären geet et elo an d'Wanterpaus, dëst op der aktuell 7. a leschter Plaaz. Ma och hei gëllt et di nächst Wochen vill ze schaffen, fir dass de Wee fir déi éischt Victoire fräi gëtt. Fir d'Häre geet et schonn eng Woch éischter rem lass, dëst de 19.1. doheem géint d'Männer vu Bartréng. 4 Matcher stinn hei am Championnat nach um Programm.





Jugend:

Och eis Jugendequippen waren déi éischt Hallschend vun der Saison aktiv - eng U13 Meedescher, eng U13 Jongen an eng U8/U11 Mixte Equipe haten hier Asätz an diverse Matcher.


Während eis ganz Kleng u verschiddenen Tournoi'en deelgeholl hunn, waren d'U13-Equippen am Championnat gefuerdert. Fir eis Jugend sollt et eng schwéier Saison ginn, dëst virun allem duerch e nach ganz jonken Alter bei eise Spiller. Esou war et och net verwonnerlech, dass sech suwuel eis Jongen wéi och eis Meedescher missten, deels mat héischer Differenz, geschloe ginn. Suwuel d'U13 Meedescher wéi och d'Jongen hunn hiert Championnat, wat elo schonn op en Enn gaangen ass, op der 7. a leschter Plaaz ofgeschloss. Ma och si ginn net op an hu virun allem de Spaass um Handball - wat och dat allerwichtegst ass!

©2019-2020 Handball Bettembourg