Ugepassten Traininger

Duerch d'COVID-Situatioun huet de Comité vum Handball Bettembourg entscheed, eng Reih Traininger oofzesoen. Heimat wëlle mir eis SpillerInne schützen an och hëllefen d'Kontakter ze reduzéieren.


Dëst bréngt mat sech, dass folgend Traininger oofgesoot sinn:


  • Dammen: Training 1 Woch annuléiert (26.10 - 1.11)

  • Hären: Training 1 Mount annuléiert (26.10 - 26.11)

  • Jugend: Training 1 Mount annuléiert (26.10 - 26.11)


De Comité vum HBB évaluéiert d'Situatioun kontinuéierlech a passt d'Traininger jee no Situatioun weider un. Och eng Reih Matcher sinn aktuell annuléiert, wéi dir hei liese kennt.




©2019-2020 Handball Bettembourg