Search
  • Handball Bettembourg

Season Opening

Den 22. September war de Season Opening vum HBB - An enger voller Hal konnte béid Equippen hieren éischte Match vun der Saison spillen, an dëst an hiere neien Uniformen.



Ugefaang mat den Dammen, déi Esch 2 als Géigener viru sech haten. Den HBB ass direkt gutt an de Match komm, a konnt dësen och séier kontrolléieren. D’Féierung hunn d’Damme ni aus der Hand ginn, sou dass um Enn e Resultat vu 29-11 op der Tafel stung.





Am Uschloss waren d’Häre gefuerdert. Fir hieren alleréischte Match huet mam Standard direkt e schwéiere Géigener gewaart. Konnten d’Männer vum HBB am Ufank na gutt mathaalen, sou hu si sech dach missen um Enn kloer mat 16-44 geschloe ginn.




Eng Fotogallerie fannt dir op eiser Facebook-Säit!




©2019-2020 Handball Bettembourg