Schlussklassement Promotioun

De Weekend stoung de leschte Match vun der Promotioun 19/20 um Programm - domat steet d'Schlussklassement bei den Dammen a bei den Hären fest.


Dammen:

D'Damme konnten hier 3. Plaaz verteidegen, fir déi zweet Plaaz, ëm déi et am leschte Match gaangen ass, ass et awer leider net duer gaangen. No 10 Matcher konnt den HBB der 6 gewannen, dëst jeeweils an der Hironn géint den HB Esch 2, RedBoys 2 an Réiden. Beim HB Museldall 2 an CHEV Diekrech 2 huet den Handball Bettembourg 2-mol de Kierzere gezunn.


204 Goaler hunn d'Dammen dës Saison geschoss, en Grëtz manner, nämlech 200, kruute se der geschoss. Mat der 3. Plaaz stinn elo Ufank Mäerz d'PlayOffs um Programm. Hei geet et em den Opstieg an d'Axa League. Géigener sinn den Handball Esch an den HCA Rédange.



Hären:

Fir eis Hären sollte sech och déi lescht Matcher als schwéier rausstellen, sou dass si sech hu misste geschloe ginn, an déi éischt Promotioun op der 6. a leschter Plaaz ofschléissen. Och wa kee vun den 10 Matcher konnt gewonne ginn, sou huet d'Zesummespill virun allem an de leschte Matcher ëmmer besser geklappt. Dass déi éischt Saison sollt schwéier ginn, war vun Ufank un ze erwaarden. Vill méi wichteg ass an dëser éischter Saison, den Zesummenhalt an d'Zesummespill ze stäerken.


D'Häre kruuten 360 Goaler geschoss an hunn der selwer 141 geschoss. Och fir si stinn lo d'PlayOffs um Programm, allerdéngst net em den Opstieg mä ëm d'Placement. Géigener sinn den HCA Redange, Handball Dudelange 2 an HC Berchem 2.

©2019-2020 Handball Bettembourg