Nei Uniformen
E Samschdeg de 6. Juli huet de President Jérôme Ewen de Membere vum HBB an de Partner d'Uniforme fir déi kommend Saison'e virgestallt:

Ugefaange mat der Haaptuniform: dës ass an de Clubfarwe Rout a Schwaarz gehaalen. Den Tricot vu Kempa passt sech domat der Moderniséierung vum Club un. De Short ass am schwaarze gehalen.
Den Auswäich-Tricot ass an 2 verschiddene Blo-Téin gehaalen. D'Joggingen an Trainingskleeder sinn an de Faarwe gro a schwaarz gehaalen.
D'Spiller kréien doniewt Strëmp an de passende Faarwe, grad wéi och eng Trainingsposch.

Sponsore bei den Dammen, Hären an U17 sinn:
- Raiffeisen
- Asport
- GB Removals
- LGL Transport
Bei den U13 sinn d'Sponsoren:
- LGL Transport
- Asport
- Rodizio Perroquet
D'U11/U8 gi gesponsort vun:
- ACP
- Asport