Nei Mesuren fir Matcher

Fir d'Sécherheet vun all Spiller, Spectateur an Offiziellen bei de Matcher an Traininger ze erhéigen, huet den HBB d'Mesuren an der Sportshal zu Beetebuerg ugepasst. Heizou ziele folgend Ännerungen:


  • Temperatur-Kontroll: All Spektateur an Spiller vum HBB muss virum Accès an d'Sportshal d'Temperatur gemooss kréien. Fir Spiller vun der Géigener-Equippe an Arbitter ass dës Mesure optional, well hei eng legal Basis feelt.

  • Tracing-List: all Spectateur muss sech an enger Tracing-List androen, fir dass am Noutfall e Contact-Tracing kann duerchgefouert ginn.

  • Maskepflicht bei all Deplacement an och op der Tribune.

  • den Accès op d'Tribune ass weiderhin op 35 Persounen limitéiert, sou dass zu all Moment eng Distanz vun 2 Meter agehaale gëtt. Dir musst iech op déi markéiert Plaaze setzen.

  • d'Tribune, Still an Dëscher ginn tëscht all Match an an der Halbzeit desinfizéiert


Spektateuren déi dës Mesuren net acceptéieren, kréien keen Accès an d'Sportshal. Dëst sinn d'Mesuren vum HBB a musse bei all Heemmatch agehaale ginn. Merci





©2019-2020 Handball Bettembourg