Matcher annuléiert #COVID

Bedéngt duerch d'Verschlechterung vun der Situatioun rondrëm de Covid-19 huet den Handball Bettembourg an d'Handball-Federatioun eng Reih Matcher annuléiert. Fir dëse Weekend si folgend Matcher oofgesoot:


  • Dammen: HBB - HB Esch (Samschdeg - 19:00)

  • Hären: HBB - HCA Redange (Samschdeg 17:00)

  • U13G: HBB - HBD (Sonndeg 14:00)

  • U11M: HB Kaerjeng - HBB (Sonndeg 14:00)



Eng Reih weiter Matcher si fir déi nächst Wochen annuléiert. Sou sinn all d'Matcher vun der Jugend a vun den Hären fir minimum 1 Mount annuléiert!

D'AXA League bei den Dammen ass fir op d'mannst 2 Wochen ënnerbrach!


Fir d'Remboursement vun reservéierten Ticketen, biede mir Iech eng Mail ze maachen un hbbettembourg@gmail.com.


©2019-2020 Handball Bettembourg