• hbbettembourg

Kniddelen a Wäffelcher

Den Handball Bettembourg huet den 12.12.2020 e Kniddelen a Wäffelcher DELIVERY organiséiert. Déi éischt Editioun huet sech als groussen Erfolleg erausgestallt.


Zesumme mat eisem Partner, dem Café Nicola, konnt ee fir Samschdes Mëttes an/oder Owes souwuel Kniddele wéi och Wäffelcher bestellen, déi da vum HBB ausgeliwwert gi sinn. Natierlech war d'Iessen heibäi selwer gemaach.





Dësen Delivery, dee sech net nëmmen op Beetebuerg mä och op d'Emgéigend bezunn huet, war e groussen Erfolleg, sou dass enger zweeter Editioun näischt an de Féiss stoen dierft.


Mat dëser Aktioun wollte mir de Leit déi schwéier Zäit e bësse verséissen a gläichzäiteg och eise Club bëssen ënnerstëtzen, fir deen dës Situatioun och finanziell schwéier ass.

©2019-2020 Handball Bettembourg