Generalversammlung vum HBB

E Méindeg 14.10.19 war an der Sportshal zu Beetebuerg d'Generalversammlung vum Handball Bettembourg. De President Jérôme Ewen huet zesumme mam Frank Wallrabenstein a mam Angélique Syoen op déi vergaange Saison zréckgekukt.





De President huet dovu profitéiert fir alle Membere fir hieren Asaz dat ganz Joer iwwer ze luewen. Uschléissend goufen d'Manifestatiounen an d'Equipe vun der leschter Saison virgestallt an et gouf op d'Projet'en an d'Changementer fir dës Saison novirgekukt. Hei virop mat de neien Uniforme fir all Equipe a nei Events déi den HBB organiséiert, dorënner e Quiz-Owend oder och en Handball-Challenge.





De Sportsschäffe vun der Gemeng Beetebuerg huet, op Opfuerderung vum President, d'Thematik Haarz an der Beetebuerger Gemeng ugeschwaat an huet erkläert, dass dëst zu Beetebuerg bis op Weideres verbuede bleift. Heifir gouf et net nëmme säitens de Membere vum HBB vill Kritik ma och vum uschléissende Riedner, de President vun der FLH.


De Comité ass dann och erweidert ginn a besteet aus folgende Memberen:

- President: Jérôme Ewen

- Vize-President: Frank Wallrabenstein

- Secrétaire administratif: Myriam Philippi

- Secrétaire technique: Jessica Silverstrucci

- Trésorier: Angélique Syoen

- Member: Barbara De Sousa Veloso, Daniel Fernandes, Max Delvaux

©2019-2020 Handball Bettembourg