Search
  • Handball Bettembourg

Dammen steigen an d'AXA League

Nodeems den Handball Bettembourg vu säite vun der Federatioun de Choix kruut, déi nächst Saison entweder an der Promotioun ze bleiwen oder an d’AXA League opzesteigen, hu sech d’Dammen vum HBB zesumme mam Comité dozou entscheed, d’Erausfuerderung unzehuelen, an déi kommend Saison de Schrëtt an déi iewecht Divisioun ze maachen.


Och wa sech d’Spillerinnen an de Staff der Schwieregkeet an dem héige Niveau an der AXA Leagur bewosst sinn, sou wëlle si net virun dësem Challenge zréckschrecken. D’Damme gesinn dës Méiglechkeet als grouss Chance sech als Equipe weider ze entwéckelen.





Och fir de Club ass et eng grouss Éier, no enger Reih Joeren erëm eng Equipe an der éischter Divisioun ze hunn. Fir e klenge Club wéi den HBB ass dat eng grouss Geleegenheet an och eng grouss Reklamm. Dass dës Méiglechkeet sech mol net 1 Joer no der Neiorganisatioun vum Club bidd, weist ëmsou méi dass de Club de richtege Wee ageschloen huet. D’Dammen hunn all Ënnerstëtzung déi se fir dëse Schrëtt brauchen, an gemeinsam mam Comité a Staff vun den Dammen gëtt de Plang fir sës Challenge ausgeschafft.

De Kader, mat deem eis Dammen ab September an der AXA League spillen, wäert Zaitnoo bekannt ginn, mä mir freeën eis schonn dass eis Spiller vun der aktueller Saison eis och an der AXA League erhaale bleiwen.

©2019-2020 Handball Bettembourg