Coupe de LUX - Dammen

E Sonndeg 1. Dezember 2019 spillen eis Dammen d'Coupe de Luxembourg - géint den Handball Esch!


Wéi schonn dat lescht Joer, treffen d'Dammen och dëst Joer an der Véierelsfinal vun der Coupe de Luxembourg erëm op den Handball Esch. Gespillt gëtt dëse Sonndeg, 1. Dezember, um 19:00 Auer zu Beetebuerg an der Hal 2 (30 rue Polk).


Ma well den HBB an der zweeter Divisioun spillt, den Handball Esch awer säit dëser Saison an der Axa League, starten d'Damme vum HBB mat 3 Punkte Virsprong an de Match.





Et heescht e Sonndeg also zu Beetebuerg sinn - ab 18:45 ass den Alaaf vun den Equippen, um 19:00 Auer dann de Start vum Match. Gepaff gëtt de Match vum franséischen Duo Massias an Zulliani!


Entrée an der Oweskees:

- 4 € fir Stundenten

- 8 € fir Erwuessen

- Jugendlescher ënner 16: fräien Entrée


Sidd dobäi, bréngt alles mat wat Kaméidi mecht, a feiert eis Dammen un - fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

©2019-2020 Handball Bettembourg