LEISURE

TEAM

Du hues Loscht op Handball ?

Du wëlls einfach e bësse Sport maachen ?

Fir dech ziele net Matcher mä einfach e bësse Spaass um Sport?

Du sichs eng nei Erausfuerderung ?

Da komm an d'HBB Leisure Team!

HBB Leisure Team - Wat ass dat?

Sport ass wichteg fir de Mensch an dofir wëlle mir d'sportlech Aktivitéit steigeren. Well awer net jiddereen wëll an e Club goen a Matcher spillen, mä deen een oder aanere villäicht einfach just wëll e bëssen an enger Equipe Sport maachen, huet den HBB d'Leisure Team agefouert!

Beim HBB Leisure Team geet et ausschléisslech ëm de Spaass um Sport. Eemol d'Woch trefft sech d'Team fir zesummen ze trainéieren, Handball ze léieren, d'Conditioun an d'Ausdauer ze verbesseren a virun allem fir Spaass um Sport ze hunn.

Well Handball ass méi wéi einfach just e Sport a Matcher spillen. Handball ass Teamgeescht a Freed um Sport.

Dat klengt intressant? Da komm bei eis

Wéini: all Mettwoch vun 19:30 - 21:00 Auer (ab Mëtt Mäerz, de genauen Datum gëtt nach matgedeelt)

Wou: Sportshal Bettembourg (Hal 1)

Ween: Jiddereen ab 16 Joer ka matmaachen

Präis: de Montant gëtt iwwer eng Memberskaart fixéiert, déi eemol d'Joer muss bezuelt ginn

Wat brauch ech: Sportsschong, Sportskleeder

Duschen sinn an der Hal - dir gitt vun engem Trainer encadréiert, Material gëtt vum Club zur Verfügung gestallt.

Froen oder Interessi? hbbettembourg@gmail.com

©2019-2020 Handball Bettembourg